New Waves
New Sounds. New Visions. New Stories.
A new wave is coming!
E frësche Wand bléist duerch d'HMG! Mat NEW WAVES bréngen d'Harmonie Municipale Grevenmacher an hiren Dirigent Steve Boehm fir d'éischte Kéier hir gemeinsam musikalesch Visioun op d'Bün - voller neier Energie a kreativen Iddien.
Entdeckt d'Blosmusek vun enger neier Säit, loosst Iech vun neie Kläng iwwerraschen a kommt mat op eng musikalesch Rees voller Emotiounen. Mol kräfteg, mol iwwerraschend, mol gefillvoll- mee ëmmer voller Dynamik!
Am Centre Machera zu Gréiwemaacher invitéiert d'HMG Iech, nei Klangwelten ze entdecken an déi ganz Villfalt an d'Faszinatioun vun der Blosmusek ze erliewen.
Come and feel the wave!
Tickets & Entrée
Tickete fir eise Galaconcert ginn et op www.luxembourg-ticket.lu.
Entrée: 15 €
Kanner a Studenten: Gratis (0 €)
Och wann den Entrée fir Kanner a Studente gratis ass, muss en Ticket am Viraus reservéiert ginn. Studente mussen hir Studentekaart beim Entrée virweisen.
Mir freeën eis op Iech!